Wéi d'Policebeamten d'Fra aus hirer mësslecher Lag befreie wollten, hu si misse feststellen, datt den Zweetschlëssel net op d'Dier passe géing.

Dobäi huet den Dag vun der jonker Fra, déi réischt kierzlech aus Hessen op Lörrach geplënnert war, ganz normal ugefaangen. Am Laf vum Dag huet si d'Spullmaschinn ugemaach an huet doropshin an der Stuff Fernsee gekuckt. Iergendwann huet d'Fra awer missen an d'Buedzëmmer goen an dunn huet déi ganz Tragedie hire Laf geholl. D'Spullmaschinn, déi automatesch opgeet, soubal de Programm fäerdeg ass, grenzt direkt un d'Dier vum Buedzëmmer, déi vum Buedzëmmer aus gesinn, nëmmen no baussen opgeet. Well d'Spullmaschinn just an deem Moment fäerdeg ginn ass, wéi d'Fra sech am Buedzëmmer opgehalen huet an d'Spullmaschinn d'Dier vum Buedzëmmer blockéiert huet, war et hir net méi méiglech, aus dem Buedzëmmer erauszekommen.

Well d'Buedzëmmer keng Fënster hat, ass der jonker Fra näischt aneres iwwreg bliwwen, wéi ee Bekannten ze kontaktéieren. Vue datt d'Fra réischt kierzlech op Lörrach geplënnert ass, huet si eng Frëndin an Hessen ugeruff, déi dunn direkt d'Police kontaktéiert huet. Dës ass doropshin direkt zur Hëllef komm an huet sech beim Proprietär vun der Wunneng den Zweetschlëssel fir d'Wunneng gefrot. Allerdéngs huet dësen net op d'Schlëssellach gepasst, well déi 22 Joer jonk Fra de Schlëssel nach vu banne stieche gelooss hat.

Schlussendlech hunn nieft der Police och d'Pompjeeë missen urécken, fir d'Hausdier vun der Fra opzebriechen. No engem längerfristegen Asaz konnt d'Fra aus hirer mësslecher Situatioun gerett ginn.