A Vasen aus der spéider Bronze-Zäit hunn israelesch Fuerscher Spuere vun der halluzinogener Drog Opium entdeckt.

Et ass en Hiweis dorop, dass dës Drog an der Regioun viru ronn 3500 Joer bei Bäisetzungsritualer genotzt goufen. Bei der Ënnersichung vu Griewer an der zentralisraelescher Stad Jehud goufen dës Vasen a Form vu Mohn-Kapsele fonnt an an 8 dovu wieren Opium-Iwwerreschter nogewise ginn, sou déi zoustänneg israelesch Autoritéite fir Altertum zesumme mam Weizmann-Institut fir Wëssenschaften en Dënschdeg.

D'Vase wiere wuel fir Ritualer benotzt ginn, bei deene sech déi Hannerbliwwen oder de Paschtouer "duerch Opium an en extateschen Zoustand" versat hunn, fir de Geescht vum Verstuerwenen eropzebeschwieren, sou den Archeolog Ron Be'eri.

Schonn an ale Schrëfte gouf et Hiweiser op d'Benotze vun Opium bei Bäisetzungsritualer am Land Kanaan, dat sech ongeféier um Gebitt vum haitegen Israel an de Palästinensergebidder erstreckt huet.