D'Gemeng Dierfeld huet iwwerdeems eng Fläch vun 1,55 Quadratkilometer. Domadder kommen an dëser Gemeng manner wéi sechs Mënschen op ee Kilometerkaree.

Ironescherweis besteet de Gemengerot vun Dierfeld aus sechs Conseil-Memberen. Deemno si sechs vun 9 Awunner an der Gemengepolitik aktiv. Weider ass d'Gemeng eng vun de wéinege Gemengen an Däitschland, déi keng Scholden huet. Doriwwer eraus läit d'Gewerbesteier bei 900 Prozent, wat déi héchsten a ganz Däitschland ass.

Déi zweetklengste Gemeng läit iwwerdeems a Schleswig-Holstein. Zu Wiedenborstel wunnen den Ament eelef Mënschen. Op der drëtter Plaz läit Gröde, wat och a Schleswig-Holstein ass. Hei wunnen den Ament zwielef Mënschen. Well d'Gemenge manner wéi 70 Awunner hunn, dierfe se, nom Gesetz vum Bundesland Schleswig-Holstein no, keng Gemengeréit hunn. Bei de Bundestagswale sinn et allerdéngs déi éischt Gemengen, déi d'Resultater verëffentlechen.

Déi bevëlkerungsräichst Gemenge sinn iwwerdeems Berlin (3,6 Milliounen Awunner) an Hamburg (1,85 Milliounen Awunner). Am nooste beienee wunnen d'Mënschen zu München (4.788 Mënsche pro Kilometerkaree) an zu Ottobrunn bei München (4.153 op der Quadratkilometer).