Aktuell mécht e Video, dee scho Mëtt August zu "Trier Nord" opgeholl gouf, den Tour an de soziale Medien.

Am Video gesäit een e Camion, dee riets laanscht Autoe fiert, déi bei enger rouder Luucht stinn. Dobäi hëlt de Camion dräi Pottoe mat ewech an iwwerrennt bal eng Persoun, déi u sech drop waart, fir kënnen iwwert d'Strooss ze goen.

D'Kolleege vum Volksfreund hu bei der Police nogefrot, wat et mat dësem Video op sech huet. D'Police huet hinne géintiwwer confirméiert, datt et en Tëschefall den 19. August gouf, bei deem en 73 Joer ale Camionschauffer um Wee op d'Autobunn wuel e "Fuerfeeler" gemaach huet an dowéinst no riets gezunn huet. Dobäi hätt hien dräi Luuchtepottoen iwwert de Koup gerannt.

Weider sot d'Police den däitsche Kolleegen, datt esouwuel de Chauffer vum Camion wéi och de Foussgänger op der Plaz waren, wéi d'Police den Accident opgeholl huet. De Camionschauffer koum och fir eng Kontroll an d'Spidol. Et wier e Schued vu ronn 30.000 Euro entstanen.

Och de Video hätten d'Beamten zougespillt kritt an et hätt een et un de Parquet weiderginn. Dësen hätt d'Enquête gestoppt an et u Speyer weiderginn, wou iwwert d'Héicht vum Protokoll decidéiert misst ginn. Dem Parquet no hätt hir Enquête erginn, datt de Camionschauffer ze spéit gesinn hätt, datt d'Autoe stoe bliwwe wieren, an hätt missten auswäichen. De Mann hat ausgesot, datt hien net méi mat Zäiten hätt kéinte bremsen. Vun Opreegung hätt hien dunn och op de Gas amplaz op d'Brems gedréckt.

Et kann een dem Mann keng Strofdot noweisen, heescht et vum Parquet. A well kee blesséiert gouf, kann een och net vun "Coups et blessures involontaires" schwätzen.