Nodeems d'Police déi alkoholiséiert Koppel gestoppt huet, si se allebéid op d'Beamte lassgaangen an hu se verbal souwéi kierperlech agresséiert.

Dobäi huet d'Police sech iwwert e puer Stonnen eng Course-poursuite mat der Koppel geliwwert. Bei dëser huet d'Koppel mat hirem Auto eng sëllegen aner Autoen touchéiert, respektiv se de Rampli erofgedréckt. Eréischt nodeems d'Koppel en Accident tëscht Freisen a Reitscheid provozéiert huet, ass et de Beamte gelongen, d'Koppel aus dem Auto ze kréien.

Wéi d'Beamten d'Koppel festhuele wollten, huet déi sech allerdéngs gewiert. Nodeems dat aggressiivt Verhale vun der Koppel fir d'éischt a Beleidegungen ëmgeschloen ass, koum et duerno zu engem Ugrëff op e Polizist. Doropshin hunn d'Beamten d'Situatioun berouegt an déi zwee Aggresseure mat op de Policebüro geholl.

D'Koppel huet nach op der Plaz de Führerschäi missen ofginn. Weider musse si sech elo wéinst e puer Strofdote viru Geriicht veräntweren.