De Gletscher mam Numm Pasterze ass dëst Joer 4-Mol esou séier geschmolt, wéi an deene Jore virdrun. D'Äisschicht ass 2022 ëm 3,7 Meter zeréckgaangen.

Experten no géifen d'Hëtztwellen, déi ëmmer méi dacks Europa treffe wäerten, souwéi och de Sahara-Stëbs, dee sech an den Alpen ofsetzt, dozou bäidroen, datt d'Gletscher ëmmer méi séier schmëlze wäerten. An de Jore virdru sinn d'Gletscher am Duerchschnëtt ëm 1,6 Meter pro Joer geschmolt. Elo wier dëse Wäert schonn no néng Méint bei Wäitem iwwertraff, wat engem Suerge maache misst, esou d'Gletscher-Experten.

No Däitschland an der Schwäiz fäerten elo och d'Éisträicher ëm hir Gletscher. Mä et wier een Trend, deen een nëmme schwéier kippe kéint, esou d'Experten. Dobäi wieren d'Gletscher allerdéngs extrem wichteg fir de Klima a ganz Europa. Vun den 220.000 weltwäite Gletscher sinn der am Ganze 4.000 an Europa. Kierzlech hat e Gletscher an Däitschland schonn de Gletscher-Status verluer.