E Geriicht an den USA huet d'Fra mat enger juristescher Deliberatioun dozou gezwongen, en Album mat intime Fotoe vun hir, un hiren Ex-Mann zréckzeginn.

Nodeems d'Koppel 25 Joer zesumme bestuet war, ass et am Joer 2022 zur Trennung komm. Wärend der Scheedung ware souwuel de Mann, wéi och d'Fra sech séier eeneg, datt hiert gesamt Verméige souwéi de Besëtz fair gedeelt ginn. Allerdéngs gouf et ee Stéck, iwwert dat sech allebéid déi ganzen Zäit gestridden hunn.

Rieds ass vun engem Fotoalbum, an deem Fotoe vun der Fra pechen, op deene si wéineg bis guer näischt unhuet. Dësen Album géif de Mann gäre fir sech behalen an dat eegenen Aussoen no net wéinst de Fotoen, mä wéinst de léiwe Kommentaren, déi seng Fra an den Album nieft d'Fotoe geschriwwen hätt. D'Fra wëll den Album natierlech zréck, well si der Meenung ass, datt déi Fotoen näischt bei hirem fréiere Mann ze sichen hätten. Dee ganze Sträit ass réischt viru kuerzem viru Geriicht gelant.

D'Geriicht huet elo decidéiert, datt den Album dem Mann gehéiert, an datt d'Fra den Album misst zréckginn. Allerdéngs géif en onofhängege Fotograf, ier datt den Album de Besëtzer wiesselt, d'Fotoe vun der Fra retuschéieren, soudatt déi intim Stelle verdeckt ginn. Allerdéngs géifen dann déi Fotoe bei engem Drëtten doheem léien, wat d'Fra och net wéilt, firwat si dem Mann den Album mat den Akt-Fotoen ouni Verännerungen zréckginn huet.

Am Internet ass d'Opreegung grouss an d'Fra huet och nom Prozess gesot, datt si sech géing vum Gesetz vergewaltegt fillen.