Wien erënnert sech net un déi eidel Regaler a gutt gefëllte Weenercher voll mat Toilettëpabeier?

Déi Onbekannt haten et entweder ferme néideg oder si hunn Angscht, dass de Coronavirus an der kaler Joreszäit nees d'Iwwerhand kritt a suergen alt scho mol vir. Wéi d'Police mellt, haten e puer Onéierlecher zu Lübeck an der Gare net just iwwer 250 Rulloen Toilettëpabeier matgoe gelooss, si hunn och nach honnerte Päck Pabeiershanddicher agestach.

E Mataarbechter vun der Bunn hat d'Dot wärend senger Aarbecht bemierkt an d'Police geruff. Et ass dovun auszegoen, dass d'Täter grouss Tuten aus Plastik benotzt hunn, déi och am opgebrachene Lager waren. Wisou si esou grouss Quantitéiten Hygiènesartikele gebraucht hunn, ass net gewosst, sou nach d'Ermëttler.