En Donneschdeg de ganzen Dag streiken d'Pilote vun Eurowings. Eng 30.000 Passagéier si vun de Fluchausfäll betraff.

Op de Fluchhäfen Düsseldorf, Köln, Berlin, Hamburg a Stuttgart falen de ganzen Donneschdeg iwwer verschidde Flich vun Eurowings aus. Bei der Lufthansa-Duechter-Entreprise streiken d'Piloten, esou datt eng 500 Flich en Donneschdeg net ausgefouert ginn.

Grond fir de Streik sinn d'Verhandlunge vum sougenannte "Manteltarifvertrag", déi net ofgeschloss konnt ginn. No zéng Gespréichsronne ware sech d'Patronat an d'Gewerkschaft Cockpit net méi no komm.