A Japan huet eng Patisserie Eeërtäertercher verkaf, déi u sech Ausstellungsstécker aus Plastik waren.

Dat ongenéissbaart Gebäck ass bei der Patrisserie Andrew's Egg Tart zu Osaka verkaf ginn. Liewensmëttel aus Plastik sinn u sech keng Seelenheet, vill Firma vu frësche Liewensmëttel gräifen drop zeréck. Si ginn ënnert dem Numm "Shokuhin sampuru" vermaart an erzilen esouguer Milliounenëmsätz.

An dësem Fall war et awer e Versinn a 5 falsch Eeërtäertercher sinn als echter un d'Cliente gaangen. "Et géing hinne leed doen, dass d'Saachen iertemlech verkaf goufen", sou e Vertrieder vun der Firma. En Employée hätt de Feeler séier gemierkt an d'Wuer nees zeréckgeholl.

Fir dass dëst net méi virkënnt, huet d'Patisserie sech elo eng afale gelooss. Op d'Liewensmëttel aus Plastik soll an Zukunft e Sticker drop kommen.