RTL.lu krut dës Fotoe vu Mäertert erageschéckt. D'Luuchte stinn um Ufank vun der „Cité Op der Olk“, wat eng Sakgaass ass.

Déi zwou Luuchte stinn niewendeneen. Vis-à-vis steet nach ee Luuchtepotto an op anerer Säit an der Rue Jean-Pierre Beckius nach eng.  Wat déi "Zwillingen" wuel solle bedeiten?

RTL

E Liichtberoder, dee mat Gemengen a Ministèren zesummeschafft, huet sech no der Verëffentlechung vun de Fotoe gemellt an drop higewisen, dass Foussgängeriwwerweeër hei am Land grondsätzlech ëmmer eng Zousazbeliichtung am Hibléck op d'Sécherheet hunn. Dat géif "zu den Normen" gehéieren.