Dëst huet d'Police an der südpolnescher Stad och net all Dag: E Mann ass mat enger geklauter Stroossebunn ënnerwee gewiescht.

Wéi d'Police matdeelt, hätt de Mann kee Permis gehat, fir mat esou engem Gefier ënnerwee ze sinn an hätt dëst och nach ni virdru gemaach.

Vun offizieller Säit heescht et, datt d'Bunn an der Nuecht op e Samschdeg aus hirem Depot verschwonne wier. De "falsche Chauffer" wier dunn engem reguläre Mataarbechter vun der Stroossebunn zu Katowice opgefall, wéi si sech gekräizt hunn. Déi geklaute Bunn war ganz lues ënnerwee an hat d'Nummer 33, déi et zu Katowice guer net gëtt.

Fir de Mann ze stoppen, gouf de Stroum op der Linn, wou hien ënnerwee war, ausgemaach. Beim Festhuelen huet de Mann kee Widderstand geleescht. Wisou hien d'Bunn geklaut huet, huet hien awer och nach fir sech behalen.