Zu Berlin ass eng Wunneng a Brand geroden, nodeems zwee Jugendlecher e Knuppert an dës geheit hunn. E 57 Joer ale Mann gouf dobäi liicht blesséiert.

Wéi d'Police matdeelt, sollen déi zwee Jugendlech am Quartier Gesundbrunnen e Knuppert an eng Wunneng um 1. Stack geheit hunn. D'Bewunner vum Gebai sinn duerch en Dampmelder op d'Feier opmierksam ginn a konnten et nach selwer läschen. Déi zwee Täter konnten onerkannt flüchten.

Bal zäitgläich an am nämmlechte Quartier hat e Grupp vu ronn 50 jonke Leit Knupperte gezünt. Dobäi goufen der och op e Mann am Rollstull geheit, blesséiert gouf awer keen. D'Police huet doropshin 47 Persoune festgeholl.