D'Corona-Pandemie ass enger Rei Koppelen déi aner Säit vun der Manche wuel net gutt bekomm.

Zejoert goufen an England a Wales 113.505 Mariagë gescheet. Géigeniwwer dem Joer virdrun ass dat eng Hausse vu ronn 10 Prozent. Dat mellt den zoustännegen, nationale Statistik-Institut.

Haaptursaach fir d'Hausse vun de Scheedunge wieren dem Institut no d'Nowierkunge vun de Corona-Mesuren. Vill Leit hätte sech nom éischte Lockdown getrennt. Allerdéngs wieren och d'Familljegeriichter eng Zäit laang corona-bedéngt zou gewiescht. Doduerch wier et 2020 zu Retarde bei den Affäre komm a vill Scheedunge wieren eréischt 2021 geschwat ginn.