Eng 45 Joer al Fra an der Schwäiz huet mat schwéiere Blessuren iwwerlieft, nodeems si direkt 3 Mol hannerteneen ënnert hiren eegenen Auto geroden ass.

D'Fra war zu St.Gallen aus hirem Auto geklommen, wärend de Moto nach gelaf ass - der Police no héchstwarscheinlech, fir eppes aus dem Auto ze huelen. Den Auto stoung allerdéngs am biergof an ass no hanne gerullt. D'Fra soll nach probéiert hunn, den Auto ze stoppen, mee ass dunn ënnert e geroden.

Wéi de Won géint een anere geknuppt ass, ass en nees no vir gesprongen an huet d'Fra eng zweete Kéier erwëscht. Den Auto ass géint den Trottoir gefuer, wat en nees an déi aner Richtung an eng drëtte Kéier iwwer d'Fra rulle gelooss huet. Eréischt an enger hëlzener Barrière koum de Won zum Stoen. Déi 45 Joer al Fra koum mat schwéiere Verletzungen an d'Spidol.