Zu Berlin huet e Proprietär eng riseg Reklamm iwwert d'Front vu sengem Appartementshaus gehaangen. Allerdéngs ouni Erlabnis.

Duerch déi gigantesch Affiche hunn d'Locatairë vum Gebai am Berliner Quartier Neukölln weder Sonn nach frësch Loft.

D'Fassad gouf réischt viru 4 Joer renovéiert, trotzdeem houng nach bis virun e puer Wochen en Ziedel am Gank, op deem stoung, datt en Entretien un der Front vum Haus misst gemaach ginn. Vun enger Reklamm war néierens Rieds.

Duerch Zoufall ass ee vun de Locatairë vun engem Bauaarbechter dann och gewuer ginn, datt d'Affiche wärend 6 Wochen hänke bleiwe soll.

Entretemps hunn d'Neuköllner Autoritéite confirméiert, datt d'Reklamm net geneemegt gouf. De Proprietär selwer soll zanter Deeg ënnergedaucht sinn.

D'Entreprise, fir déi op der Affiche Reklamm gemaach gëtt, soll de Bewunner vum Haus iwwerdeems och eng Entschiedegung ugebueden hunn.