Déi brittesch Police huet e Mann festgeholl, dee mat Eeër op de brittesche Kinnek Charles III. geworf huet.

Dat Ganzt hat sech wärend enger Visitt vum brittesche Monarch a senger Fra Camilla zu York ofgespillt. Wéi op Biller vum brittesche Fernsee ze gesi war, hat e Mann dräi Eeër a Richtung vum Kinnek Charles geworf, wéi d'Koppel am Gaang war, engem Grupp vu Leit d'Hand ze ginn.

D'Eeër haten de Monarch nëmme knapp verfeelt. "Dëst Land gouf mam Blutt vu Sklave gebaut", soll de Mann an Direktioun vun der kinneklecher Koppel gejaut hunn. Aner Leit, déi deen Ament op der Plaz waren, sollen doropshi mat der Parole "Gott schütz de Kinnek" geäntwert hunn.

RTL

© James Glossop / POOL / AFP