Well hie Raten a Villercher op sadistesch Manéier gequäält, ëmbruecht an dat Ganzt och gefilmt huet, gouf en 32 Joer ale Mann aus Bayern verurteelt.

An engem weideren Appellsprozess virum Landgeriicht Weiden huet de Mann no engem ëffentleche Rechtsgespréich en Urteel vum Amtsgeriicht Weiden aus dem Joer 2021 um Enn acceptéiert. Am Virfeld hat eng psychiatresch Expertis erginn, dass de Mann voll scholdfäeg ass.

Am Abrëll 2021 hat den 32 Joer ale Mann e puer Deeg laang Déiere bis zu hirem Doud gequäält, déi hien an engem Déierebuttek kaf hat. Esou huet hien zum Beispill eng lieweg Rat an eng Mikrowell gestach an den Apparat ugedréint bis d'Déier dout war. An engem anere Fall huet hien zwou lieweg Raten an eng gliddeg Grillpan op enger Kachplack geheit an huet se dora stierwe gelooss. Enger anerer Rat huet hien d'Zéiwen ofgeschnidden, nach en anert Déier huet hie mat Bensinn fir an e Briquet a Brand gestach. Eng weider Rat huet de Mann mat engem Villche kämpfe gelooss. Hien huet d'Déieren och no hirem Doud weider maltraitéiert a seng Dote gefilmt.

D'Amtsgeriicht huet am éischten Urteel festgestallt, dass d'Freed vum Mann un de sadisteschen Doten op de Videoen androcksvoll ze héiere wier, deelweis huet hien d'Déieren an hirem Doudeskampf nach beleidegt.

An engem Appellsprozess gouf d'Strof souguer nach op 3 Joer erhéicht. No enger erfollegräicher Revisioun virum bayreschen Ieweschte Landesgeriicht gouf de Fall dunn nei verhandelt, dobäi gouf och déi psychiatresch Expertise agefouert. No där Expertise, déi eng komplett Scholdfäegkeet vum Ugeklote festgestallt huet, huet dëse wéi gesot dat éischt Urteel ugeholl. Dëst gëllt vun elo un.

Bei der vergläichsweis héijer Strof huet et eng Roll gespillt, dass de Mann scho virbestrooft ass an d'Doten wärend enger Strof op Sursis begaangen huet. Donieft huet d'Geriicht festgehalen, dass de Mann aus objektiver Siicht immens degoûtant a brutal virgaange wier.