Zu Frankfurt am Main huet e Mann e Scheck vun iwwer 4 Milliounen Euro vun Haribo op der Strooss fonnt. Seng Belounung hat e sech wuel anescht virgestallt.

Medieberichter no huet et sech bei senger Decouverte op der Strooss ëm e Verrechnungsscheck vu Rewe un Haribo gehandelt, deen op eng Zomm vu 4.631.538,80 Euro ausgestallt war. Wéi hien de Séissegkeeten-Hiersteller kontaktéiert huet, fir de Scheck zeréckzeginn, gouf en opgefuerdert en ze zerstéieren an eng Foto als Beweis ze schécken.

Kuerz drop krut hie Post vun Haribo. D'Belounung? 6 Tute Gummibärecher a verschiddensten Zorten. Medie géigeniwwer huet de Mann dëst als "e bëssi bëlleg" bezeechent.

Haribo huet dat Ganzt confirméiert, awer och betount, datt de Scheck souwisou nëmme vun Haribo hätt kéinten ageléist ginn an d'Decouverte vum Mann deemno och net esou wäertvoll wier.