KFC huet sech bei sengen däitsche Clientë missen entschëllegen.

Dat nodeems Leit, déi an d'Däitschland d'App vun der Fastfoodchaîne um Handy haten, um Joresdag Reichskristallnacht eng Push-Noriicht geschéckt kruten. An dëser goufe si dozou animéiert, sech op dësem Dag mat engem Plat vu KFC ze verwinnen.

De Message gouf vu ville Leit hefteg kritiséiert. Eng Stonn, nodeems de Push verschéckt gouf, hat KFC sech an engem weidere Message bei senge Clienten entschëllegt. D'Noriicht wier op en technesche Feeler zeréckzeféiere gewiescht an et géif een den technesche System iwwerschaffen, fir sécherzestellen, dass esou eppes net nach eng Kéier virkomme kéint.