Mat "Alaaf an Helau" gouf e Freideg pénktlech um 11.11 Auer bei eisen däitschen Noperen déi nei Karneval-Sessioun ageleet.

Ënner anerem zu Köln, Düsseldorf a Mainz hunn dausende "Jecken" an "Narren" d'Erëffnung vun 5. Joreszäit  gefeiert, déi mam Äschermëttwoch den 22. Februar 2023 op en Enn geet.

Mam Hibléck op d'Jubiläumsjoer 2023 steet d'Fuesent dëst Joer zu Köln och ënnert dem Motto "200 Jahre Kölner Karneval - ov krüzz oder quer". Zu Mainz gëtt traditionell beim "Fastnachtsbrunnen" gefeiert, zu Düsseldorf ass iwwerdeems de "Schelm Hoppeditz" erwächt, dee mam traditionelle Stuerm op d'Rathaus op Weiberfastnacht d'Muecht u sech rappt.

RTL

© AFP Archivbild