An direkt zwee Fäll sinn der Münchener Police rezent Trickdéiwen an d'Netz gaangen.

Dat, well si probéiert haten, zwou Seniorinne vu 86 an 81 Joer iwwert den Dësch ze zéien. De Frae war opgefall, datt eppes net géif stëmmen, a si haten nach éier si den Onéierlechen d'Suen ausgehännegt hunn, d'Police informéiert.

A béide Fäll hate d'Trickdéiwen de Frae gesot, datt ee Member vun der Famill an en déidlechen Autosaccident verwéckelt gewiescht wier a si Sue bräichten, fir de Familljemember op Kautioun aus dem Prisong ze kréien. Ënner anerem hate si sech als Enkelin, Polizistin a Mataarbechter vum Parquet ausginn.

Déi richteg Poliziste waren dunn awer dobäi, wéi d'Seniorinnen den Onéierleche sollten d'Sue iwwerreechen a konnten esou en 19 Joer alen an e 35 Joer ale Trickdéif festhuelen.

Déi däitsch Police warnt ëmmer nees viru Trickdéiwen, déi d'Leit uruffen an iwwer Telefon probéieren, si unzeschmieren.