Dat mellt de Stern. De Jong hätt séier reagéiert an aner Chaufferen hätten him gehollef, Schlëmmeres ze verhënneren.

De klenge Jong war mat sengem Groussmonni ënnerwee, wéi de Mann op eemol vu sech war. Den Auto war domadder ouni Chauffer, huet awer nach weider beschleunegt. Wéi de Stern mellt, hätt de Jong ganz séier reagéiert an hätt vun der Bäifuerersäit an d'Steierrad gegraff, fir den Auto ënner Kontroll ze halen, dat bei deels 150 Kilometer an der Stonn an onkontrolléiertem Beschleunegen.

Ënner anerem e Camionneur ass op d'Situatioun opmierksam ginn an huet sech mat sengem laange Gefier esou nieft den Auto placéiert, datt hie verhënnere konnt, datt de Won zeréck op d'Strooss geréit an do méiglecherweis mat aneren Autoe kollidéiert wier.

Op enger Aire ass et dem 10 Joer ale Jong du gelongen, fir d'Gefier un d'Stoe ze bréngen, dobäi gouf d'Kand liicht blesséiert. Säi 66 Joer ale Groussmonni koum an d'Spidol.