Wat soll sech de Motocyclist geduecht hunn? Dat ass d'Fro, déi ee sech stellt, wann ee bedenkt, dass hien 3 Mol hannerteneen laanscht e Radar gerannt ass.

D'Äntwert ass wuel: Dat kann ech och besser... ?!? Oder war hien einfach just vergiesslech a wollt net ze spéit kommen...

E Motocyclist ass e Samschdeg am bayreschen Unterfranken 3 Mol bannent 11 Minutte laanscht dee selwechte Radar gerannt. Dat huet d'Police vu Würzburg en Donneschdeg matgedeelt, déi präziséiert, dass dat wuel express war. Hie wollt geblëtzt ginn, huet sech dobäi souguer selwer gefilmt.

Amplaz den erlaabten 100 Stonnekilometer gouf de Motocyclist deemno mat 115 an 116 Stonnekilometer gemooss. D'Belounung fir seng Aktioun: e Protokoll vun e puer 100 Euro. Ma net just dat, hie riskéiert och, de Permis ze verléieren.