Den eelste Member vun der weltwäit bekannter K-Pop-Band BTS muss Mëtt Dezember säi Militärdéngscht untrieden.

Den 29 Joer ale Jin (mat biergerlechen Numm Kim Seok-jin) wäert fir d'éischt eng Grondausbildung vu 5 Wochen duerchlafen, ier hien den Truppen un der Front zougedeelt soll ginn. Dat mellt en Donneschdeg déi südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap.

Fans hunn op dës Noriicht mat vill Suerge reagéiert. Virun allem d'Noriicht, datt de Museker un d'Front soll goen, suergt fir vill Kritik. D'Front verleeft laanscht d'Grenz tëscht Südkorea an Nordkorea. Gréisstendeels ass et do awer roueg. Obwuel d'Tensioune klammen, gëtt et am Prinzip zanter Joerzéngten e Waffestëllstand tëscht deenen zwee Länner.

A Südkorea muss all gesonde Mann bis zu sengem 30. Liewensjoer e Militärdéngscht ofleeën, dee ronn zwee Joer dauert. Wie sech dogéint wiert, riskéiert eng Prisongsstrof. Déi siwe Membere vu BTS sinn tëscht 24 an 29 Joer al, esou datt u sech scho kloer war, datt op d'mannst de Jin geschwënn géif agezu ginn.

Ausname gi just fir Spëtzesportler a klassesch Museker gemaach. Zanter Jore gëtt am Land awer iwwer eng Ausnamereegelung fir d'Membere vun der Band diskutéiert, déi och international extrem beléift ass.
Am Juni hat BTS schonn annoncéiert, datt d'Band eng Auszäit géif huelen an datt déi eenzel Membere sech iwwergangsweis op Solo-Projete géife konzentréieren.