D'Fans vun den "Three Lions" ginn dacks als Saint George verkleet op Futtballmatcher.

Den "hellegen George" ass de Schutzhellege vun England. Hien huet als Ritter am Mëttelalter un de Kräizzich deelgeholl. Am Kader vun der WM am Katar, waren d'Fans vun England opgefuerdert ginn, sech net als Kräizritter ze verkleeden, fir déi gréisstendeels muslimesch Bevëlkerung vum Katar net ze blesséieren.
Beim Optaktmatch vun England géint den Iran, wollten 2 England-Fans trotzdeem an esou engem Kostüm an de Stadion. Si goufen allerdéngs vun den Autoritéite fortgeschéckt.