Dat nennt ee wuel domm gelaf: E presuméierten Déif hat säin aalt Gezei géint Neies getosch, huet dat awer an der Kabinn mat de Personalien hänke gelooss.

Den 30 Joer ale Mann hat sech am hessesche Gießen net ganz clever ugeluecht, wéi hie sech heemlech nei akleede wollt. Hie war e Samschdeg aus dem Buttek nees eraus, nodeems hien an der Kabinn sämtlech Sécherungen un enger Jackette an un e puer Schong erofgeholl hat.

Fir et manner opfälleg ze maachen, huet hie seng al Saachen do gelooss, inklusive senger Carte d'identité a senger Bankkaart. Déi waren nach an der Täsch vun der aler Jackette. Eng Vendeuse huet um Enn d'Police geruff, déi en zimmlecht liicht d'Spill haten.