Zu Osaka ass e Léiw ausgebéchst: Mat enger kuriéiser Method huet e japaneschen Zoo den Ausbroch vun engem Léiw bei engem Äerdbiewe geprouft.

E Mataarbechter vum Tennoji Zoo zu Osaka huet e Léiw-Kostüm ugedoen an huet d'Roll vum ausgebéchsten Déier iwwerholl. Wärend hien ënnert de Blécker vun de Visiteuren op zwee Been duerch d'Anlag stolzéiert ass, hu seng Kolleege mat Helmer, Schëlder an Netzer souwéi der Ënnerstëtzung vu Pompjeeë probéiert, de "wëlle Léiw" erëm anzefänken.

"Fir d'Visiteuren huet dat wuel amüsant ausgesinn, ma fir eis war dat e seriöen Exercice", huet e Spriecher vum Zoo betount. Japan ass ee vun de Länner op der Welt, déi am meeschte vun Äerdbiewe menacéiert sinn. All Joer ginn dowéinst am ganze Land Katastrophen-Übunge gemaach, falls en Déier bei engem Biewen aus senger Anlag erauskéim.

Déi japanesch Noriichtenagence NHK World Japan war beim Exercice dobäi an huet Opnamen, wéi esou eng Übung ausgesäit.