Net schlecht gestaunt hate Policebeamten e Sonndeg am Nomëtten, wéi si zwee plakeg Konschtstudenten tëschent Zuchwaggonen entdeckt haten.

Wéi d'Münchener Police e Méindeg matgedeelt huet, haten d'Studenten och eng Aaxt aus Pabeier dobäi. Fir e Konschtprojet haten déi zwee sech op de Schinnen an der Géigend vum Münchener Rangierbahnhof ausgedoen a virun de Waggone poséiert.

Wéi d'Polizisten op d'Plaz geruff goufen, si se nach vu Graffiti-Sprayer ausgaangen. Op der Plaz haten d'Studenten dunn awer erkläert, datt si Biller fir hire Konschtprojet wollten ophuelen.

Eng Plainte gouf et keng, d'Polizisten hunn d'Studenten awer gewarnt, net op d'Schinnen ze trëppelen. Dëst wier liewensgeféierlech.