Am Norde vun der Tierkei gouf e Jeeër vu sengem eegenen Hond erschoss. Wéi et schéngt, ass d'Déier widder den Ausléiser vum Juegdgewier komm.

Dat 32 Joer aalt Affer war vergaangene Weekend mat Kolleegen an de Bierger vu Kizlan am Norde vun der Tierkei op d'Juegd ënnerwee.

Nodeems de Grupp sech nees wollt op de Wee fir heem maachen, huet d'Affer seng geluede Schroutflënt an d'Mall vu sengem Auto geluecht. Wéi de Mann dunn och den Hond an den Auto setze wollt, ass dëse wuel widder den Ausléiser vun der Waff komm, wouduerch sech e Schoss geléist an d'Affer am Hals getraff huet.

Hie gouf vu senge Kolleegen direkt an d'Klinik bruecht, d'Doktere konnten awer just nach den Doud feststellen.

Besonnesch tragesch: De Mann war nëmmen e puer Deeg virdrunner Papp ginn.