Am Verglach zu de Jore virun der Covid-19-Pandemie ass den Import vu Rakéiten a Knupperten an Däitschland massiv zeréckgaangen.

Vu Januar bis Februar goufen nëmme ronn 5.700 Tonne Freedefeier an Däitschland importéiert, wat par-Rapport zu 2019 ee Minus vu méi wéi 80% duerstellt. De Gros heivunner kënnt weiderhin aus China.

Géigeniwwer leschtem Joer gouf et eng liicht Hausse, wat wéinst dem deemolege Verkafsverbuet vu Freedefeier allerdéngs och net verwonnerlech ass.

E grondsätzlecht Verbuet vu Freedefeier fir dëst Joer gouf an Däitschland bis ewell nach net decidéiert.

Och hei a Lëtzebuerg gëtt et keen allgemengt Verbuet vu Freedefeier, d'Gemenge kënnen allerdéngs selwer decidéieren, ob si et erlaben oder net.