D'Douane um Fluchhafe vu Frankfurt huet rezent eng gréisser Decouverte gemaach.

Méi wéi 2.000 gefälschte Luxusaueren aus China goufe saiséiert. Dës sollte vun Hongkong erfort via Frankfurt an Nordmazedonien geflu ginn.

Wann et original Auere gewiescht wären, hätte se e Wäert vu ronn 170 Milliounen Euro gehat.

D'Fälschunge goufen zerstéiert.

Datt Plagiater entdeckt ginn, ass zu Frankfurt keng Raritéit. Zejoert goufen an deem Domän knapp 9.000 Prozedure lancéiert.