Den ëmstriddene Museker an Designer Kanye West huet an engem Interview mat Aussoen iwwert den Hitler an d'Nazie fir Opreegung gesuergt.

An enger Emissioun mam US-Verschwierungtheoretiker Alex Jones huet de 45 Joer ale Museker, dee viru kuerzem annoncéiert huet, datt hien an den US-Presidentschaftswalen 2024 wéilt kandidéieren, ënnert anerem e puer Mol gesot, hien hätt den Hitler gären. Duerno huet hien och iwwert seng Bewonnerung fir d'Nazie geschwat: "Mir mussen ophalen, d'Nazien ëmmer nees schlecht ze maachen [...] Ech hunn d'Nazie gär."

Den "Ye", wéi hie sech antëscht nennt, huet sech am Interview driwwer opgereegt, datt een iwwert den Hitler keng gutt Saachen dierft soen. "Dësen Typ, deen Autobunnen erfonnt huet an de Mikro erfonnt huet, deen ech als Museker notzen... du kanns net haart soen, datt dës Persoun jee eppes Guddes gemaach huet." Gläichzäiteg huet hien och ëmmer nees "Zionisten" d'Schold ginn, datt fräi Meenungsäusserung ënnerdréckt géif ginn.

Scho virum Interview war de Kanye West, dee komplett vermummt an der Emissioun opgetrueden ass, wéinst enger Rei vun antisemittesche Kommentare vu senge Geschäftspartner fale gelooss ginn. Dozou hunn ënnert anerem de Sportartikelproduzent Adidas, d'Kleederchaîne Gap an d'Luxusmark Balenciaga gehéiert.

Kanye West op Twitter gespaart

Kuerz nom Interview ass de Kanye West, dee mam Reality-TV-Star Kim Kardashian bestuet war, wéinst engem provokante Post op Twitter gespaart ginn. Hien hat eng Foto gedeelt, op där een Hakekräiz mat engem Davidstär ze gesi war. Virdrun hat de West och nach eng Foto vum Twitter-Chef Elon Musk an enger naasser Schwammbox gedeelt, déi hie mam Text iwwerschriwwen hat: "Loosst eis dëst ëmmer als mäi leschten Tweet an Erënnerung behalen."

D'Hakekräiz-Foto vum Museker huet Twitter wéinst "Ustëftung zu Gewalt" gespaart. Den Elon Musk huet d'Spär op der Plattform och selwer nach emol kommentéiert: "Just fir dat kloerzestellen, dëse Konto gouf wéinst Ustëftung zu Gewalt gespaart, net wéinst enger onvirdeelhafter Foto vu mir."