No de rezenten Aussoe vum Kanye West, ginn et ëmmer méi Leit, déi näischt méi mam "Ye" ze di wëllen hunn. Huet een en Tattoo, gëtt et Hoffnung.

Naama Studios vu London hunn elo ugebueden, dass Leit, déi en Tattoo vum Kanye West wëllen ewechlasere loossen, dat gratis bei hinne kënne maache loossen. Si hunn dat via Instagram matgedeelt mam Sproch "Yeezy come, Yeezy go".

Insta-Post

De CEO vun Naama Studios sot an engem Interview, et géif weltwäit Interessi un der Offer ginn. 3 Clienten hu scho mat der Laser-Prozedur ugefaangen, 10 weider Clienten hunn e Rendez-vous an den nächste Wochen.

Sou eng Prozedur kascht normalerweis ronn 2.400 Pond.