Wéi d'Police vu Gummersbach en Dënschdeg matgedeelt huet, soll sech e 15 Joer Jonken an der Nuecht onbemierkt mam Auto vu sengem Bop dovu gemaach hunn.

De Jugendlechen aus Nordrhein-Westfalen hat awer en Accident mam Auto vu sengem Bop an huet gemengt, duerch eng Lige besser do ze stoen. Dës Ligen huet awer en Helikopter-Asaz ausgeléist.

Op enger Landstrooss hat hien aus bis ewell onbekannte Grënn d'Kontroll iwwer d'Gefier verluer an ass e ronn 5 Meter héije Rampli erofgefall. Nodeems den Auto schwéier beschiedegt an engem Feld stoe bliwwen ass, konnt sech de Jugendleche selwer befreien. Hie gouf nëmme liicht blesséiert.

Géigeniwwer der Police hat hie behaapt, e wier net de Chauffer vum Auto gewiescht, wouropshin d'Beamte mat engem Helikopter d'Géigend ofgesicht hunn, ouni Erfolleg. An der Tëschenzäit hu sech dunn och Hiweiser erginn, datt de Jong gelunn hat an hien eleng am Auto souz.

Hie koum an e Spidol, den Auto ass confisquéiert ginn. Eng Enquête gouf lancéiert.