D'Pompjeeë vun Orange County aus dem US-Bundesstaat Florida hunn e Video vun engem spektakuläre Rettungsasaz verëffentlecht.

Am Video, dee vun enger Dron gefilmt gouf, gesäit een, wéi d'Pompjeeën 62 Mënschen aus de Kabinne vun engem Riserad retten, dat op Silvester an engem Fräizäitpark hänke bliwwe war. Deen Ament souzen an iwwer 20 Kabinne vum Riserad Passagéier.

Éier d'Riserad hänke bliwwe war, war Damp aus dem Motto vun der Maschinn komm.

Wéi déi Responsabel vum Park matgedeelt hunn, wier d'Stroumversuergung vum Riserad ausgefall. Firwat wier den Ament allerdéngs nach net gewosst.

Hei kënnt dir de Video vum Rettungsasaz kucken: