Enn Januar start d'Neioplo vum Tëleesklassiker "Glücksrad", moderéiert vum Sonya Kraus zesumme mam Thomas Hermanns.

D'Spill-Show gëtt de 26. Januar op RTLzwei gewisen. Dat huet de Sender en Donneschdeg zu München matgedeelt. D'Show war an Däitschland an den 80er Joren immens beléift an ass mat e puer Ënnerbriechungen op verschiddene Chaîne gelaf.

Beim "Glüchsrad" versichen d'Kandidatinnen oder Kandidaten, d'Wuerträtsel op enger Buschtawewand ze léisen. Si mussen et dobäi duerch 3 Virronne packen, ier de Vainqueur dann an d'Finall kënnt. D'Dréinen um Glécksrad bestëmmt, wéi ee Geldbetrag de Spiller guttgeschriwwe kritt, wann hien oder si e Konsonant richteg erréit. Wien um Enn vun der Ronn den héchste Kontostand huet, kënnt an d'Finall a spillt do ëm de grousse Gewënn.

D'Sonya Kraus an den Thomas Hermanns sinn de Moderatoren-Duo a wiessele sech un der Buschtawewand of.