Déi Zuel huet d'Innesenatorin Iris Spranger vun der SPD de Berliner Deputéierte presentéiert. Si bezitt sech op dat lescht Joer.

Nieft den 233.000 Stonnen, déi d'Police wéinst de Stroosseblockaden an anere Protester huet misste leeschten, goufen och nach aner Zuele genannt. 756 Verdächteger goufe festgestallt, 2.600 Plaintë gemaach a 761 Virgäng ermëttelt.

Viru ronn engem Joer hat d'Protestgrupp "Letzte Generation" jo domadder ugefaangen, Stroossen ze blockéieren, andeem ënner anerem sech Aktivisten an Aktivistinnen op de Buedem gepecht hunn. Och dëse Méindeg haten nees aacht Persounen zu Berlin eng Strooss, déi op d'A100 féiert, blockéiert, véier vun hinnen hate sech op d'Fuerbunn gepecht. Pro Asaz géif eng Tax vun 241 Euro gefrot ginn. Bei Leit, déi sech méi wéi aacht Mol op Berliner Terrain festgepecht hunn, géif elo en "Zwangsgeld" vun 2.000 Euro gefrot ginn, esou d'Senateurin weider.

Dëst wiere wuel "politesch motivéiert Strofdoten", sot d'Iris Spranger am Berliner Senat, mä "trotzdeem ass et esou, datt d'Grenz zum Extremismus nach net iwwerschratt gouf".