D'beléift Sonndes-Owes-Talk Show "Anne Will" leeft nach dëst Joer - an dann ass et domat eriwwer.

No 16 Joer gëtt d'Emissioun vun der Antenne geholl an net weider produzéiert. D'Anne Will an hir ARD-Sonndes-Owes-Gespréichsronn huet zu de bekanntsten an Däitschland gehéiert.

Wéi den NDR matgedeelt huet, géif d'Anne Will hire Kontrakt net méi verlängeren - domat verschwënnt en Talk-Klassiker vun den Ecranen.

Wéi d'Successioun vun dësem Format op dëser Sende-Plaz um Sonndeg soll ausgesinn, verhandelen NDR an ARD mateneen.