De Steen ass bal 2000 Joer al an domat e puer honnert Joer méi al, wéi de bis ewell bekannte Runesteen.

Dat huet den kulturhistoresche Musée zu Oslo en Dënschdeg matgedeelt. De Block aus brongem Sandsteen gouf an engem Griewerfeld entdeckt, dat am Hierscht 2021 an der Géigend vum Séi Tyrifjorden, nordwestlech vun Oslo, fräigeluecht gouf.

Schanken- an Holzreschter, déi an engem Graf nieft dem Steen fonnt gi waren a vun deenen den Alter mat Radiokarbon-Ënnersichunge bestëmmt konnt ginn, deiten dem Musée no drop hin, dass d'Runen an de Joren 1 bis 250 no Christus an de Steen geritzt goufen. D'Entdeckung ass dem Musée no "en Dram fir Runologen", déi d'Runenalphabet erfuerschen.

Runesteng si Steng mat Schrëften drop, déi meescht op Griewer opgestallt goufen - virun allem wärend der Wikingerzäit. Um Steen vun Tyrifjorden ass d'Schrëft "Idiberg" ze liesen.

Bis ewell gëllen an Norwegen a Schweden entdeckte Steng aus de Joren 300 bis 400 no Christus zu den eelste Runesteng, sou d'Expertin Kristel Zilmer. D'Decouverte vun Tyrifjorden wier dohier eng "eenzegaarteg Entdeckung". De Steen ass vum 21. Januar bis 26. Februar am kulturhistoresche Musée zu Oslo ze gesinn.