Wéinst engem "Urinéier"-Virfall wärend eng Transatlantikfluch muss eng indesch Fluchgesellschaft ëmgerechent 34.000 Dollar Strof bezuelen.

Et wier net adequat reagéiert ginn, nodeems en alkoholiséierte Geschäftsmann u Bord vun enger Air-India-Maschinn wéi et schéngt op eng 72 Joer al Matpassagéierin soll urinéiert hunn. Dat hunn indesch Medien e Samschdeg gemellt.

Déi indesch Opsiichtsagence fir zivil Loftfaart huet donieft eng Strof vun ëmgerechent ronn 3.700 Dollar géint de Manager verhaangen, deen u Bord fir Déngschtleeschtungen zoustänneg ass. De Pilot gouf iwwerdeems fir dräi Méint vum Déngscht suspendéiert. Hie krut virgeworf, seng Flicht net erfëllt ze hunn an net fir Sécherheet an Disziplin u Bord gesuergt ze hunn.

De Banquier wier no der Landung ongestéiert aus der Maschinn geklommen, ouni dass d'Fluchlinn Moossname géint hien ergraff hätt. Air India huet spéider zouginn, verpasst ze hunn, de Virfall "besser ze reegelen", a wëllen hir Richtlinne fir d'Zerwéiere vun Alkohol op Flich iwwerpréiwen.

No der Reklamatioun vun der eelere Matpassagéierin an nodeems de Virfall vun den indesche Medie staark thematiséiert gouf, war de Banquier festgeholl ginn. Den Employeur vun enger Groussbank hat de Manager do scho wéinst dem Urinéier-Virfall am Fliger entlooss.

De Banquier ass aktuell nach inhaftéiert. Eng Fräiloossung géint Kautioun krut hie refuséiert. Den Affekot vum Mann huet bei der Unhéierung virun e puer Deeg viru Geriicht eng aner Versioun erzielt: Deemno hätt déi 72 Joer al Fra op sech selwer urinéiert.