Den 28 Joer ale Maximilian S., deen duerch eng Dokumentatioun iwwer Online-Drogenhandel bekannt gouf, steet op en Neits viru Geriicht.

Hien a 4 weider Ugekloter musse sech zënter e Méindeg virun engem Geriicht zu Leipzig veräntweren. Hinne gëtt reprochéiert, den Internetsite "candylove.to" bedriwwen an iwwert dësen am gréissere Stil mat Droge gehandelt ze hunn. Wéi et vum zoustännege Parquet heescht, hätte si ënner anerem Haschisch, Kokain, Amphetaminer an Extasy verkaf. Insgesamt solle si tëscht Abrëll 2019 a Januar 2021 ronn 20 Kilogramm Drogen an Tablette verkaf an dobäi ronn 94.000 € ageholl hunn.

D'Ermëttler sinn der Meenung, dass de Maximilian S. de Kapp vun der Band war. Hien hat schonn an der Vergaangenheet iwwer Internet mat Droge gehandelt. 2015 haten Ermëttler vun der Police d'Zëmmer vun deem deemools 20 Joer ale Mann am Haus vu sengen Eltere gestiermt an dobäi 320 Kilogramm Droge séchergestallt. De Fall hat d'Virlag fir d'Netflix-Serie  "How to Sell Drugs Online (Fast)" geliwwert.