Véier Fändelen hänken zu Sterpenech op der Grenz, zwee dovunner schéngen net esou frou mat der Loft ze sinn.

D'Fändele vun der Belsch a vun der EU schénge gutt mat den äusserleche Konditiounen zu Sterpenech eens ze ginn, respektiv goufe se rezent ersat. Dogéint sinn d'Fändele vum Grand-Duché a vun der Wallonie an engem éischter "ganz schlechten Zoustand". Vum Lëtzebuerger huet een d'Gefill, datt just nach e puer Fatzen do hänken, wougéint dee wallouneschen Hong lues awer sécher Plomme léisst.