E Geriicht am westindesche Bundesstaat Gujarat huet e Mann verurteelt, well dësen illegal Kéi geschluecht hat.

Wéi et am Urteel, dat der Noriichtenagence AFP virläit, heescht, hätt de 25 Joer ale muslimesche Mann eng Häerd Kéi geschmuggelt, fir d'Béischten ze schluechten. Dat ass am Bundesstaat verbueden an de Mann gouf dowéinst zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.

Nach méi kuriéis ewéi d'Urteel selwer, dierften allerdéngs d'Ausféierunge vum zoustännege Riichter, doriwwer sinn, firwat et schlecht wier, Kéi ze schluechten. Deemno géifen Haiser, déi aus Koumëscht gebaut sinn, viru radioaktiver Stralung schützen an d'Drénke vum Urin vun de Kéi géif Krankheeten heelen. Doriwwer eraus hat de Riichter behaapt, dass alleguer d'Problemer op der Welt op deem Dag geléist wieren, wou keng Kéi méi géife geschluecht ginn.

Kéi gi vun den indeschen Hinduen als helleg ugesinn an zanter e puer Joer ginn déi indesch Autoritéiten zesumme mat hindunationalistesch Gruppéierunge verstäerkt géint d'Schluechthaiser fir Kéi vir.