660 Euro hunn d'Prisonéier vun der JVA Hannover zesummekritt, déi si elo fir schwéier krank Kanner wäerte spenden.

D'Suen, déi aus dem Sammele vu Vidangesfläschen a -béchsen zesummekoumen, ginn un d'Palliativstatioun vun der medezinescher Héichschoul vun Hannover.

An de leschten dräi Méint hunn d'Prisonéier gesammelt, vun de fir de Prisong zoustännegen Autoritéite goufen dann och nach eng Kéier 110 Euro bäigesteiert.

D'Iddi selwer koum vun de Prisonéier a gouf zesumme mam Spriecher vun der JVA ausgeschafft. Esouguer e Plakat gouf entworf, fir déi aner Leit, déi am Prisong sëtzen, ze motivéieren, matzemaachen. Am Ufank waren der nach vill skeptesch, ma no an no hunn der ëmmer méi bei dëser Aktioun matgemaach. "Esou vill Leit hunn hiert Täschegeld, déi eenzeg Suen, déi se hei am Prisong hunn, dozou bäigesteiert", seet ee vun den Initiatoren. Den 39 Joer ale Mann huet selwer zwee Kanner a sëtzt wéinst engem Drogendelikt am Prisong.

Fir den Direkter vum Prisong Matthias Bormann war dëst eng Aktioun, wou d'Prisonéier haaptsächlech un anerer geduecht hunn. Hie gëtt dann och ze bedenken, datt 25 Cent, also dat, wat de Vidange vu Fläschen a Béchse wäert ass, e ganz anere Wäert am Prisong huet, wéi dobaussen. Dat, well d'Prisonéier, déi schaffen, maximal 12 Euro den Dag verdéngen an d'Wueren am Prisongsshop méi deier sinn, wéi an engem normale Supermarché.