
© AFP Archivbild
Well d'Produktiounskäschten därmoosse klammen, muss ee fir en hallwe Liter Béier an Däitschland wuel geschwënn ellen déif an d'Täsch gräifen.
Déi däitsch Béierbrauer ginn dovun aus, dass de Präis vum Béier geschwë bei 7,50 Euro den hallwer Liter dierft leien. Dat géing da geschéien, "wa Brauereien a Gastronomen hir Haussë komplett un de Consommateur weiderginn", sou de stellvertriedende President vum Brauereiverband Berlin-Brandenburg Stefan Fritsche der "Bild"-Zeitung géintiwwer. Da wier een "Enn dëst Joer bei 7,50 Euro fir den hallwer Liter Béier".
En Dënschdeg schonn hat den Däitsche Brauer-Bund (DBB) erkläert, dass e wéinst "massive Käschtenhaussen" mat Präiserhéijungen dëst Joer rechent. Sëllege Brauereien hätten dat schonn annoncéiert. Net just wéinst Gas a Stroum, ma och well de Braumalz an d'Verpackungsmaterialie vum Präis hier "drastesch" geklomme wieren.
Weider sot de Fritsche nach, dass vill Consommateuren net méi bereet wieren, esou héich Präisser fir hire Béier ze bezuelen. D'Branche géing dohier "virun der gréisster Erausfuerderung an der däitscher Brau-Geschicht stoen". Vill Brauereie riskéieren d'Faillite.
D'Verbandsvertrieder fuerderen e "Béier-Sommet" am Kanzleramt, fir dass dem Däitsche säi wichtegst Kulturgutt net ausstierft. Et géing een eng Lag riskéieren, an där just nach wéineg Konzern-Groussbrauereie sech um Marché behaapte kënnen.