
© AFP/Archiv/Olivier DOULIERY
D'Spärung vun de Konte vum fréieren US-President wäert "an den nächste Wochen" mat "neie Richtlinnen" opgehuewe ginn, mellt Meta e Mëttwoch.
Wéi ënnert anerem NBC mellt, deelt de Social-Media-Ris Meta e bësse méi wéi zwee Joer, nodeems den Donald Trump wéinst senge Posts zum Stierme vum US-Kapitol vun de Plattforme Facebook an Instagram gespaart gouf, mat, datt d'Profiller nees fräigeschalt ginn.
D'Konte vum fréieren US-President géingen "an den nächste Wochen" erëm fréigeschalt ginn a mat "neie Richtlinne verzeechent ginn, fir widderhuelt Verstéiss ze verhënneren", huet den Nick Clegg, President fir global Affäre bei Meta erkläert.
Gëlle géingen zu de Richtlinnen ënnert anerem "verschäerft Strofe fir widderhuelt Verstéiss - Strofen, déi och fir aner Perséinlechkeete vum ëffentleche Liewe gëllen, där hir Konten am Kader vun eisen aktualiséierte Protokollen no Spärungen am Kontext mat zivillen Onrouen erëm fräigeschalt ginn. Fir de Fall, datt den Här Trump weider verletzend Contenue post, wäerten dës ewech gemaach ginn an hie gëtt jee no Häert vum Verstouss fir ee Mount bis zwee Joer gespaart ginn", huet den Nick Clegg op Site vu Meta erkläert.
E Spriecher vum Trump huet bis ewell nach net op Nofro vun