
© MARCO BERTORELLO AFP
D'Schisportlerin brécht an Italien no hirer 2. Victoire am Riseslalom mat engem Tabu an iwwer hir Menstruatioun geschwat. Dat hat net jidderee verstanen.
Wann eng Fra iwwert hire "monthly cycle" schwätzt an dëst dann op eemol eppes mat Vëlofueren ze dinn huet, weess ee bal sécher, dass d'Iwwersetzung dee Moment vun engem Mann gemaach gouf.
No der 2. Victoire am Riseslalom an Italien huet de Superstar Mikaela Shiffrin mat engem Tabu am Sport gebrach an iwwert hir Menstruatioun an déi domadder bestoend Problemer als Leeschtungssportlerin geschwat.
"No gëschter war ech zimmlech midd, ech hu grad net dee beschte Moment a mengem Zyklus vum Mount", esou d'US-Sportlerin dem ORF géigeniwwer. Doduerch wier si méi midd wéi soss. Et sollt och normal sinn, iwwer sou eppes ze schwätzen.
Ma den Iwwersetzer stoung awer e wéineg op der Leitung an huet dann och wuel net richteg verstanen, wat d'Shiffrin u sech soe wollt. Beim Begrëff "monthly cycle", also sengem Zyklus vum Mount, ass natierlech d'Thema "Menstruatioun" gemengt. Den ORF-Iwwersetzer huet awer a senger Iwwersetzung iwwert d'Vëlosfuere geschwat, zu deem d'Shiffrin net méi am Mount komme géif.
Hei d'Ausso vum Shiffrin: "I‘m kind of in an unfortunate time of my monthly cycle". Hei d'Iwwersetzung vum ORF: "Ich komm nicht mal zum Radfahren, was ich sonst immer mache jeden Monat".
Och wann dëse Virfall online fir vill Ënnerhalung a Schmunzele gesuergt huet, gëtt awer och vu villen Useren drop opmierksam gemaach, dass d'Menstruatioun vun der Fra am Leeschtungssport, awer och soss enzwousch, nach ëmmer tabuiséiert gëtt.