
© AFP Archivbild
Enger neier Etüd no hu Klima-Extremer am Amazonas-Reebësch trotz Distanz vun 20.000 Kilometer onmëttelbar Auswierkungen op Klima-Extremer am Tibet.
"Mir sinn iwwerrascht ze gesinn, wéi staark d'Klima-Extremer am Amazonasgebitt mat de Klima-Extremer am Tibet verbonne sinn", huet de Studien-Matauteur Jürgen Kurths vum Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung (PIK) en Donneschdeg matgedeelt. Déi un der Etüd bedeelegt Wëssenschaftler hu gewarnt, dass déi fir d'Waasserversuergung vu Millioune Mënsche wichteg Himalaya-Regioun wuel un en "desastréise Kipppunkt" erukënnt.
Duerch déi global Erwärmung verännere sech de wichtegen Ökosystem a ganz Regiounen. Zu de menacéierte Gebidder gehéieren d'Polkappen, déi amgaange sinn ze schmëlzen, dat zu engem meterhéicht Klamme vum Mieresspigel wéi och vum Amazonasbecke féiere kéint. Do riskéieren tropesch Bëscher sech a Savannen ze verwandelen.
Kéint esou ee "Kipppunkt" och en Effekt op eng aner Regioun hunn?
Nei Fuerschungen deiten drop hin.
Fir hir an der Fachzäitschrëft "Nature Climate Change" presentéiert Etüd, hunn d'Fuerscher aus China, Europa an Israel d'Daten zur iwwerflächlecher Lofttemperatur aus de leschte 40 Joer genotzt, fir e Verlaf vun de Klimaverännerunge festzesetzen. Si hunn e Verlaf erkannt iwwer méi wéi 20.000 Kilometer - "vu Südamerika iwwert dat südlecht Afrika, bis bei den Noen Osten an um Enn bis bei den tibeetesche Plateau".
Mat Computersimulatiounen hunn d'Fuerscher versicht erauszefannen, wéi d'global Erwärmung dës Verbindungen iwwer eng laang Distanz bis bei d'Joer 2100 verännere kéint. Si hu rausfonnt: Wann et am Amazonasgebitt méi waarm gëtt, klammen och am Tibet d'Temperaturen. Gëtt et am südamerikanesche Reebësch méi Reen, fält am Tibet manner Schnéi.
Mat Hëllef vun Daten zur Schnéicouche hu si festgestallt, dass den tibeetesche Plateau zanter 2008 dem "Kipppunkt" méi no kënnt. "Dat gouf bis ewell iwwersinn", sou de Kurths. D'Regioun deckt e groussen Deel vum Waasserbedarf vu bal zwou Milliarde Mënschen a Südasien, Südostasien a China.
Obschonn all dës Indicen e seriöe Risk duerstellen, hunn d'Fuerscher erkläert, dass e komplett Kippe vum Klimasystem onwarscheinlech wier. "Awer subkontinental Kippevenementer kënnen am Laf vun der Zäit ganz Gesellschafte schwéier treffen a wichteg Deeler vun der Biosphär menacéieren", sou den Hans Joachim Schellnhuber um PIK. "Dëst ass e Risiko, dee mir besser vermeide sollten".
Fir déi schlëmmsten Auswierkunge vum Klimawandel ze verhënneren, hat d'Weltgemeinschaft ausgemaach, d'Äerderwärmung op däitlech ënner 2 Grad, méiglechst awer 1,5 Grad, verglach mam virindustriellen Niveau ze begrenzen. Dofir missten d'Zäregasemissioune reduzéiert ginn: Bis 2030 sollen dës ëm 43 Prozent verglach mam Stand vun 2019 falen an ongeféier 2050 soll weltwäit Zäregasneutralitéit erreecht sinn.