Datt Kanner duerch Zocker mol gären opgedréint sinn, ass bekannt... De Jong zu Eislingen(D) ass allerdéngs duerchgedréint, wéi e Séissegkeete wollt klauen.
Wéi et vun der Police vu Baden-Württemberg heescht, hätt den 9 Joer ale Bouf e Samschdeg an engem Buttek eng Partie Séissegkeete geholl a probéiert, dës, ouni ze bezuelen, matzehuelen.
Säi Plang ass awer net opgaangen, well d'Sécherheetsbeamtin vum Buttek hien dobäi erwëscht a festgehalen huet. Wéi d'Kand doropshin duerchgedréint ass, huet eng Cliente probéiert, de Bouf ze berouegen, huet dëse ëm sech geschloen an der Fra an de Fanger an an den Aarm gebass. D'Wonne vun der Fra waren esou uerg, datt se hu misste vun Ambulanciere versuergt ginn.
Ob d'Fra och am Spidol huet missten traitéiert ginn, konnt de Spriecher vun der Police net soen. De Bouf gouf nom Virfall vun de Beamte bei säi Papp bruecht.